Aktuell läit keng Meldung fir.

  • Tauschkrees Norden a.s.b.l.

Een neien Internetsite geet online...

Eng Internetsäit, - dee wahrscheinlech verbreeteste Medium fir sech un de Public ze wenden...

Net manner ewéi véier Méint Preparatioun, Gedold an Inspiratioun huet et gebraucht, bis ech dësen Internet Site lancéiere konnt. Eng Rëtsch Versammlunge mam President, wéi awer och anere Membere vum Tauschkrees Norden hunn dëse Projet op engem séchere Wee un d'Zil begleet. Op der enger Säit goufe vill Punkte mol méi laang diskutéiert, mä op der anerer Säit war een sech bei de meeschte Punkten awer direkt eens.
Een Internetsite, egal wéi flott a modern en och ass, ass nëmmen hallef esou vill Wäert wann en net aktuell ass! Éier de Projet vun dësem Internetsite lancéiert gouf, hunn ech mech engagéiert de Site ze kreéieren an och mat neiem Inhalt ze fëllen esoubal ech deen zougeschéckt kréien. - Wuel verstane, ganz um benevolle Niveau fir dës interessant A.s.b.l. ze ënnerstëtzen! 
De Site ass mat ville Funktiounen gefëllt déi vu fir eran ëmmer um neiste Stand sinn. - Esou zum Beispill den Agenda, deen engem an der Regel all Rendez-Vous mat Zäit matdeelt an een um lafendem hält. Mä en huet och aner Funktiounen déi éischter zäitlos sinn, esou zum Beispill de Fotoalbum, deen eng sëllesche Fotoe vu méi oder manner laang vergaangen Zäite weist. Dann gëtt et och nach ee Beräich fir Dokumenter erof ze lueden, hei fënnt ee mat Sécherheet alles wat ee brauch. Op dat elo ee Flyer ass oder ee Formular, am Download-Beräich fann der et! Wéi all Internetsite, ass och dësem (bal) keng Grenze gesat, esou kann et also duerchaus méiglech sinn, dass der mol déi eng oder aner Kéier nei Funktiounen entdecken kënnt. Et lount sech also, regelméisseg laanscht kucken ze kommen. A fir déi ganz Saach ofzerënnen, gëtt et dann och nach ee Beräich deen exklusiv fir Registréiert Member vum Tauschkrees ass. - Wann der Iech also frot, wat hannendru stécht, dann ass et un der Zäit sech ee Kont op dësem Site ze maachen.

Am Laf vun der Entwécklung vun dësem Internetsite hunn ech vill iwwert den Tauschkrees bäigeléiert, an et war mer eng Éier dëse Projet op d'Been stellen ze duerfen. An deem Sënn wënschen ech dem neie Site vum Tauschkrees ee gudde Start, an dem Tauschkrees Norden ee rasant Wuesse vu sengem Member-Krees.

 De Webmaster